🇱🇺 Trauer – loosst eis driwwer schwätzen (Konferenz)
D’Trauer ass en Deel vum Liewen a verdéngt et, ouni Tabu ugeschwat ze ginn.
D’Gemeng Miersch, hir Informatiounskommissioun, an Zesummenaarbecht mat der Trauerwee asbl, invitéiert op d’Konferenz « Trauer – een Deel vum Liewen », de
📆Mëttwoch, 11. November 2026 um 19:00 Auer am Festsall zu Méisdref.
D’Konferenz gëtt op Lëtzebuergesch gehale vun der Simone Thill, Trauerbegleederin, Traumapädagogin an Grënnerin vun der asbl Trauerwee.
👉 Am Mëttelpunkt stinn d’Froen:
▪️Wat ass Trauer?
▪️ Wat mécht si mam Mënsch?
▪️A wéi eng Plaz huet si an eiser Gesellschaft?
Dem Public steet donieft eng Ausstellung mat zwielef Zeienaussoen zum Verloscht vun engem Mënsch op.
No der Konferenz ass eng fräi Aussprooch bei engem Patt virgesinn. Individuell a vertraulech Gespréicher sinn och op der Plaz méiglech. Fräien Entrée.
🇫🇷 Le deuil, parlons-en (Conférence)
Parce qu’il fait partie de la vie, le deuil mérite d’être abordé sans tabou.
La Commune de Mersch, par l’intermédiaire de sa Commission de l’information, en collaboration avec la Trauerwee asbl, vous invite à la conférence « Trauer – een Deel vum Liewen » (Le deuil, partie intégrante de la vie),
📆 le mercredi 11 novembre 2026 à 19h00 à la salle des fêtes de Moesdorf.
Animée en luxembourgeois par Simone Thill, accompagnatrice de deuil, pédagogue spécialisée en traumatisme et fondatrice de l'asbl Trauerwee,
👉 cette conférence s’intéressera
▪️️ au deuil,
▪️ à ses effets sur l’être humain
▪️ et à sa place dans notre société.
Le public pourra également découvrir une exposition de douze témoignages consacrés au vécu du deuil après la perte d’un proche.
La soirée se clôturera par un moment d’échange autour d’un verre. Des entretiens individuels et confidentiels seront possibles sur place. Entrée libre.