❄️ Wanter op der Millen ’26 – méi kléng & cosy, méi kreativ, méi interaktiv! 🎄
Den 20. November vun 16h30 bis 24h00 verwandelt sech d’Biekerecher Millen nees an eng gemittlech Wanterwelt, wou Kreativitéit, Handwierk an Zesummesinn am Mëttelpunkt stinn.
Dëst Joer e bësse méi kléng, dofir awer mat villen interaktive Momenter fir Grouss a Kleng!
Dat erwaart Iech:
🎶 Live-Musek mat der Magic Jazz Band
🎨 Kreativ Hobbykënschtler mat hiren eenzegaartegen Handwierksaarbechten
🖌️ Konschtwierker vu Kanner aus der Biekerecher Schoul an der Maison Relais Dillendapp, déi hir Kreatioune presentéieren a verkafen
🪵 Holzatelier fir kreativ Hänn
🌸 Atelier mat gedréchente Blummen
🌿 Entdeckt d’Welt vun den Naturkräider
🍴 Iessen a Gedrénks fir e gemittlechen Owend
An natierlech dierf eisen VIP-Special Guest, de Grinch, net feelen! Wie weess, wat hien dëst Joer nees am Kapp huet? 💚
Kommt laanscht, entdeckt lokal Kreativitéit, probéiert eppes Neies a verbréngt mat eis e flotte Wanterowend op der Millen.
📅 Freideg, 20. November 2026
🕟 16h30–24h00
📍 Biekerecher Millen
Mir freeën eis op Iech! ✨
#WanterOpDerMillen #Kulturmillen #Biekerech #Handwierk #Kreativitéit #Grinch