Skip to content
Back to events
BEESECUREBEESECURE

Kanner, Handy & Social Media – Elterenowend zu Merl

Wed, Oct 28, 2026 at 6:30pm

About this event

Wéi kënne mir eis Kanner am digitalen Alldag begleeden? Wéi vill Bildschiermzäit ass ze vill, a wat solle mir bei Handy a Social Media am A behalen?

Bei dësem Elterenowend beäntweren Experte vu BEE SECURE, der Police Lëtzebuerg an dem Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV) Är Froen. Am Mëttelpunkt stinn den direkten Austausch a praktesch Tipps fir eng méi sécher, gesond a verantwortungsvoll Benotzung vun digitale Medien an der Famill.

Dobäi geet et och konkret ëm Mediensucht: Wéini gëtt d’Benotzung vun digitale Medien problematesch, wéi eng Warnzeeche ginn et, a wéi kënnen Elteren hir Kanner ënnerstëtzen?

Dir kënnt Är Froen den Owend stellen oder scho bei der Umeldung matginn.

📅 28. Oktober 2026, vun 18:30 bis 20:30 Auer

📍 Service national de la jeunesse, Sall Noémie
48–50, rue Charles Martel, L-2134 Lëtzebuerg-Merl

🗣 Den Owend ass op Lëtzebuergesch.

Info & Umeldung: snj.lu/triomerl

Summary

Generated with the help of AI.

An informational evening for parents, titled "Kanner, Handy & Social Media," focuses on guiding children in the digital world. Experts from BEE SECURE, the Luxembourg Police, and the Centre for Excessive Behaviour and Behavioural Addiction (ZEV) address questions about screen time, responsible use of mobile devices and social media, media addiction warning signs, and how parents can support their children. The session emphasizes direct exchange and practical tips, with attendees able to ask questions live or submit them during registration. It runs from 6:30 PM to 8:30 PM, is conducted in Luxe