Programm:
18.30 Auer: Mass an der Biwer Kierch mat uschléissender Gedenkzeremonie beim Monument fir d’Affer vum zweete Weltkrich
19.30 Auer: Gedenkfeier mat Liesung aus historeschen Texter a musekaleschem Encadrement am Festsall vun der Gemeng
(organiséiert vun der Kommissioun fir Kultur a Geschicht)
Detail vun der Gedenkfeier am Festsall vun der Gemeng:
Liesung vum Gedicht „Der Graben“ vum Kurt Tucholsky
Dëst beandrockend Gedicht aus dem Joer 1926 ass en zäitlose Plädoyer fir Fridden. Dora beschreift den Tucholsky d'Sënnlosegkeet vum Krich an dat gemeinsaamt Leed vun den Zaldoten iwwer all national Grenzen eraus.
D'Wierk kulminéiert an engem Appell, deen haut nach ëmmer relevant ass: D'Leit sollten sech iwwer all Grenzen eraus géigesäiteg hëllefen, anstatt géinteneen ze kämpfen.
Eng couragéiert Aktioun mat fatale Konsequenzen
Mir erzielen déi tragesch Geschicht vu Manternach vum 12. September 1944. Dobäi sinn e puer Resistenzler aus der Miliz an en däitschen Hannerhalt geroden. Zwee vun hinnen hu missen hir Liewe loossen. Ee war vu Wecker, deen anere vu Biwer.
Bréiwer aus der Friemd.....
Mir liesen aus Bréiwer vum Zwangsrekrutéierte Charel (Karl) Stoos vu Berbuerg vir, déi hien aus der Friemd u seng Eltere geschriwwen huet. Et waren am Ganzen 97 Bréiwer oder Postkaarte vu sengen Ausbildungsplaze bei der Marinn aus de Joren 1942 bis 1944.
Si erziele vu Sënn, Hoffnung, Erwaardungen an awer och Angscht. E puer Deeg virun der Kapitulatioun ass säin U-Boot an der Ostsee torpedéiert ginn.
Musikalesch Begleedung op der Gittar mam Michel Scholer
(bekannt aus sengem Optrëtt bei der éischter Editioun vum Kultur am Gaart)