🇱🇺 No der erfollegräicher éischter Editioun gëtt et den 11. an 12. Dezember 2026, bei der Rollenger Millen nees richteg festlech. 🎄🎄
Fir déi 2. Editioun vu "Chrëschtdag an der Millen" erwaarden iech nieft Chëchtdags-Beliichtung a -Musek, och de Geroch vu Glüwäin a ville klenge Schneekereien, alles an der besonnescher Kuliss vun der aler Millen.
Entdeckt déi verschidde Stänn mat Chrëschtdekoratiounen an Arrangementer fir den Advent a loosst iech vun de Concerten an déi passend Stëmmung verzauberen. 🎁
Ob mat der Famill, mat Frënn oder einfach fir e gemittleche Moment an der Advents-Zäit, "Chrëschtdag an der Millen" ass e Rendez-vous fir Grouss a Kleng.
Natierlech ass och fir Iessen a Gedrénks gesuergt.
Kommt laanscht a loosst Iech vun der wanterlecher Magie verzauberen. ✨
Programm 2026:
• 11. Dezember: 17 bis 21 Auer
• 12. Dezember: 11 bis 20 Auer
Fräien Entrée.
🇫🇷 Après le succès de la première édition, l’ancien moulin de Lamadelaine (Rollenger Millen) se met à nouveau aux couleurs de Noël les 11 et 12 décembre 2026. 🎄🎄
Pour cette 2e édition de « Chrëschtdag an der Millen », lumières, musique, odeur de vin chaud et petites gourmandises seront au rendez-vous, le tout dans le cadre particulier de cet ancien moulin.
Découvrez les différents stands proposant des décorations de Noël et des arrangements de l’Avent, laissez-vous porter par l’ambiance des concerts et profitez d’un bon moment autour de quoi manger et boire. 🎁
En famille, entre amis ou simplement pour profiter d’un moment convivial pendant la période de l’Avent, « Chrëschtdag an der Millen » est un rendez-vous pour petits et grands.
Venez profiter de la période de Noël dans une ambiance qui donne tout son charme à l’Ancien Moulin. ✨
Programme 2026 :
• 11 décembre : 17h à 21h
• 12 décembre : 11h à 20h
Entrée libre.