Invitatioun op der Remise vum Éierentitel “Citoyenne d’honneur”
vun der Stad Diddeleng.
Den Diddelenger Schäff*innerot freet sech, Iech, léif Matbierger*innen, op déi offiziell Remise vum Titel “Citoyenne d’honneur” un déi éischt Éierebiergerin vun eiser Stad, d’Madamm Marie-Claire Theisen-Aspesberro, ze invitéieren.
Déi feierlech Zeremonie fënnt en Dënschdeg, de 27. Oktober 2026, ab 19 Auer, am Kulturzentrum opderschmelz statt.
Mat dëser Auszeechnung éiert d’Stad Diddeleng eng Perséinlechkeet, déi sech iwwer méi wéi sechs Joerzéngte mat vill Mënschlechkeet, Kompetenz an Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an de Famillen agesat huet. D’Madamm Theisen-Aspesberro, déi als éischt Kannerdoktesch zu Diddeleng Generatioune gepräägt huet, kritt domat déi héchst Unerkennung, déi d’Stad Diddeleng ze verginn huet.
Den Entrée ass gratis.
Op dëser Säit Fënnt Dir e Link fir Är Plazen ze reservéieren: dudelange.lu/index.php/evenement/remise-du-titre-honorifique-de-citoyenne-dhonneur
D’Unzuel vun de Plazen ass limitéiert.
--
Invitation à la remise du titre honorifique de « Citoyenne d’honneur » de la Ville de Dudelange
Cher·ères concitoyen·nes, le collège des bourgmestre et échevin·es de la Ville de Dudelange a l’immense honneur de vous inviter à la première cérémonie officielle de remise du titre honorifique de citoyenne d’honneur de notre ville à Madame Marie-Claire Theisen-Aspesberro.
La cérémonie a lieu le mardi 27 octobre, à partir de 19h00,
au Centre culturel opderschmelz.
Par cette distinction, la Ville de Dudelange rend hommage à une personnalité qui, depuis plus de six décennies, se consacre avec humanité, compétence et engagement au bien-être des enfants et de leurs familles. Madame Theisen-Aspesberro, qui en tant que première pédiatre de Dudelange a marqué des générations entières, reçoit ainsi la plus haute distinction que la Ville de Dudelange puisse décerner.
L’entrée est gratuite.
Vous trouverez sur cette page le lien pour réserver vos places : dudelange.lu/index.php/evenement/remise-du-titre-honorifique-de-citoyenne-dhonneur
Nombre de places limitées.