Skip to content
Back to events

Lët’z Druddel!

Tue, Oct 27, 2026 at 7pm

About this event

Eng kabarettistesch Liesung vum Marc Weydert 📚🎭

De Gewënner vum Nationale Lëtzebuerger Literaturconcours a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 kënnt fir en humoristeschen Owend an d’Erwuessenebildung!

D’Spille mat der Lëtzebuerger Sprooch , d’Verdréine vu bekannte Geschichten, d’An-d’Lächerlecht-Zéie vun agesiessene Gewunnechten a Klischeeën iwwer Männer am Baumaart a Fraen am Schongbuttek, Krankheeten oder deen allsäits beléiften Thema vun de Vakanzen, all dat ass Senges! De Marc Weydert, Lëtzebuerger Auteur a Laureat vum Concours littéraire national 2021 a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 kënnt fir e lëschtegen Owend voller Ironie, Wuertwitz a Parodien an d’Erwuessenebildung a presentéiert seng Sammlung vun humoristeschen Texter a Lidder an engem gesellege Kader. 🎶

Mat derbäi sinn och en neie Reenert, eng méiglech Fortsetzung vun der Maus Ketti an e Roude Léif, deen esou d’Flemm huet, datt hien d’Paart vum Colmer Schlass klaakt a senger Wee geet, fir eng nei Karriär unzefänken. 🦁

Dauer: 80 Minutten.

Zum Auteur: De Marc Weydert ass Diplompedagog a Schoulmeeschter vu Formatioun. Duerch säi Beruff interesséiert hien sech ganz staark fir Kanner- a Jugendliteratur a fir d’Liesfërderung bei Kanner. Besonnesch gär spillt hie mat der Sprooch a verdréint bekannte Märercher a Geschichten, fir eppes Neits draus ze maachen. No deem Prinzip sinn och seng éischt zwee Bicher, „Verdruddelt Geschichten” (2022) an „Zerknujelt Geschichten” (2023), bei Perspektiv Editions erauskomm. Bei béide Bicher huet hie mat der Illustratrice Marie- Isabelle Callier zesummegeschafft. Den Duo krut fir „Verdruddelt Geschichten” en 1. Präis beim Concours littéraire national 2021 a war mat deenen zwou Publicatioune fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert. 🏆

- - -
Entrée: Gratis
Zillgrupp: Familljen mat Kanner ab 12 Joer
Informatioun & Umeldung: info@ewb.lu

Summary

Generated with the help of AI.

A cabaret-style literary reading by Luxembourgish author Marc Weydert, winner of the 2025 National Literature Prize and Book Prize. The 80-minute evening features humorous texts, songs, wordplay, parodies, a new Reenert, and a possible continuation of Maus Ketti, in a sociable atmosphere. Audience: families with children aged 12 and up. Free entry; registration via info@ewb.lu.

You might also like

Culture

Lët'z druddel! - Eng kabarettistesch Liesung mam Marc Weydert

Ville de DudelangeVille de Dudelange

Wed, Oct 28, 2026 at 7pm

Dudelange

ComedyCabaretLiterature
Culture

Lieder aus der Kulisse - Anna singt sich frei. Katrin muss begleiten.

Gemeng KielenGemeng Kielen

Sun, Nov 29, 2026 at 5pm

Olm

LiveCabaretKultur
Culture

Es lebe der Tod – Lust auf Mord?

Cube521Cube521

Fri, Oct 16, 2026 at 8pm

Marnach

ComedyCabaretJazz
Culture

Kabaret Sténkdéier

Cube521Cube521

Thu, Nov 19 – Sun, Nov 22, 2026 · 4 dates

Marnach

ComedyCabaretLive
Culture

Kabaret Sténkdéier - Alles a Fränjelen

ArtikussArtikuss

Sun, Dec 6, 2026 at 5pm

Soleuvre

ComedyCabaretLive
Culture

't ass net ze gleewen | Cabaret vum a mam Roll Gelhausen (SONNDEG)

Kulturhaus NiederanvenKulturhaus Niederanven

Sun, Dec 13, 2026 at 5pm

Niederanven

ComedyCabaretLive
Culture

Kabaret Sténkdéier

Commune de FrisangeCommune de Frisange

Fri, Nov 27, 2026 at 7pm

Aspelt

ComedyCabaretLive
Culture

Alles a Fränjelen

Kulturhaus NiederanvenKulturhaus Niederanven

Sat, Jan 23, 2027 at 8pm

Niederanven

ComedyCabaretLive
Culture

Kabaret Sténkdéier - Alles a Fränjelen

Commune de BertrangeArcA BertrangeCommune de Bertrange with ArcA Bertrange

Fri, Dec 4, 2026 at 8pm

Bertrange

ComedyCabaretDance
Culture

Filmowend DESERTION

Manu Kultura UseldangeManu Kultura Useldange

Fri, Oct 9, 2026 at 7:30pm

Useldange

DocumentaryFreeKultur
1 / 10