Skip to content
Back to events

Kabaret Sténkdéier

Fri, Nov 27, 2026 at 7pm

About this event

Kabaret Sténkdéier

Date: 27/11/2026 à 19:00
Lieu : Uespelter Schlass - ASPELT

Alles a Fränjelen

D’Operatioun ass gelong, de Patient ass dout!

Europa ass ugezielt an hänkt an de Seeler, den transatlanteschen Dram ass ausgedreemt. Lénks a riets gi mer iwwerholl. Op wie kanns de dech nach verloossen, wie klaut der d’Sue schonns aus der Täsch? De Klimawandel ass aus de Schlagzeilen, dofir iewer net vum Dësch a vill ze spéit hu mir geschnallt, wéi ofhängeg mir wierklech sinn. Vun engem Moment op deen anere war alles a Fränjelen an elo reiwe mir eis d’Aen a verstinn d’Welt net méi.

Egal op Gesondheets-, Pensiouns-, Steierreform, bezuelbare Wunnraum oder unisex Toiletten; och dës Koalitioun huet, esou wéi déi virdrun, d’Probleemer vun de Leit net geléist an de Mann mam Hummer ass ënnerwee. De Bettel knipst Selfie mat sengem Dackel, de Frieden palavert ouni datt eppes nokënnt an de Rescht vun der Koalitioun hänkt um Baxter.

A mat enger Oppositioun, déi hiren Numm net verdéngt huet, ass Besserung och net a Siicht. Egal ob rout, gréng oder wat och ëmmer, all hu se genuch mat sech selwer ze dinn. Esou kritt d’Zukunft vum Land grad wéi den ëffentlechen Transport ëmmer méi Retard. Oder kënnt Dir d’Piraten nach eescht huelen! Ee Land wat sech esou Politiker leescht, muss sech net wonneren.

Mee grad elo zielt et! Wie fléckt d’Téitschen an eiser Realitéit?

Wann alles a Fränjelen ass, de Kapitalismus grad esou wéi de Kommunismus ausgedéngt hunn, dann ass eis Zäit komm: Ironie, Satir, Sarkasmus an nei Hoffnung an Zouversiicht fir Lëtzebuerg!

De Kabarettismus iwwerhëlt elo d’Rudder!

A wie kéint dat besser wéi de Kabaret Sténkdéier! Wéini, wann net elo! “Alles a Fränjelen”, een Owend dee wéi deet, wann et néideg ass an dee wiermt, wann et méiglech ass.

Et spillen : Conny Braquet, Liette Engel, Joëlle Muller, René Engel, Luc Schumacher

Texter a Regie : Roland Meyer

Musek : Camille Nanquette

Regieassistenz: Bruna Gorza a Joe Heintzen

Inspizienz: Joe Heintzen

Summary

Generated with the help of AI.

Kabaret Sténkdéier is a satirical Luxembourgish cabaret revue titled "Alles a Fränjelen," blending irony, satire and sarcasm with political and social commentary on contemporary issues. The performance features actors Conny Braquet, Liette Engel, Joëlle Muller, René Engel and Luc Schumacher, with texts and direction by Roland Meyer, music by Camille Nanquette and direction assistance by Bruna Gorza and Joe Heintzen. Doors open at 7:00 PM for an evening of sharp humor about current Luxembourgish politics and society. Tickets are available via the Luxembourg Ticket link provided.

You might also like

Culture

Kabaret Sténkdéier

Cube521Cube521

Thu, Nov 19 – Sun, Nov 22, 2026 · 4 dates

Marnach

ComedyCabaretLive
Culture

Kabaret Sténkdéier - Alles a Fränjelen - 2026/27

ArtikussArtikuss

Sun, Dec 6, 2026 at 5pm

Soleuvre

ComedyCabaretLocal
Culture

Kabaret Sténkdéier - Alles a Fränjelen

Gemeng HesperCELOGemeng Hesper with CELO

Sat, Jan 30, 2027 at 8pm

Alzingen

ComedyCabaretLive
Culture

Alles a Fränjelen

Kulturhaus NiederanvenKulturhaus Niederanven

Sat, Jan 23, 2027 at 8pm

Niederanven

ComedyCabaretLive
Culture

Alles a Fränjelen | Kabaret Sténkdéier

Kulturhaus NiederanvenKulturhaus Niederanven

Sat, Jan 23, 2027 at 8pm

Niederanven

ComedyCabaretLocal
Culture

Kabaret Sténkdéier - Alles a Fränjelen

ArtikussArtikuss

Sun, Dec 6, 2026 at 5pm

Soleuvre

ComedyCabaretLive
Culture

Kabaret Sténkdéier - Alles a Fränjelen

Commune de BertrangeArcA BertrangeCommune de Bertrange with ArcA Bertrange

Fri, Dec 4, 2026 at 8pm

Bertrange

ComedyCabaretDance
Culture

Es lebe der Tod – Lust auf Mord?

Cube521Cube521

Fri, Oct 16, 2026 at 8pm

Marnach

ComedyCabaretJazz
Culture

Lët’z Druddel!

ErwuesseBildung asblErwuesseBildung asbl

Tue, Oct 27, 2026 at 7pm

Luxembourg

LiteratureTalkComedy
Culture

Cabaret Illusiounen | Dernière

Gemeng HesperCELOGemeng Hesper with CELO

Thu, Dec 17, 2026 at 8pm

Alzingen

ComedyCabaretLive
1 / 10