Skip to content
Back to events

KONSCHT – WAT SOLL DAT? Mam Florence Everling a mam Menny Olinger

Fri, Oct 16, 2026 at 5pm

About this event

🔔 No enger längerer Paus komme mer am Oktober mat engem neien "𝐊𝐨𝐧𝐬𝐜𝐡𝐭 – 𝐖𝐚𝐭 𝐬𝐨𝐥𝐥 𝐝𝐚𝐭?"-Owend zeréck.

An dëst mat enger ganz besonneger Editioun: mir treffen eis dës Kéier am Kader vun der FuelBox zu Beetebuerg.

ℹ️Ë𝐦 𝐰𝐚𝐭 𝐞𝐭 𝐠𝐞𝐞𝐭:
Et gëtt vill Blabla ëm dat, wat Konscht ass, wéi eng Roll se an eiser Gesellschaft anhëlt a wat fir eng Funktiounen se erfëlle soll. Am Idealfall kann d’Konscht eppes ausdrécken, wat iwwert aner Kanäl net auszedrécken ass. Si ka beréieren, iwwerraschen, ofschrecken, begeeschteren, langweilen, sozialkritesch sinn … — sou wäit sou gutt, zumindest an der Theorie. Oder ass dat a Wierklechkeet alles just waarm Loft?

D’Ausstellungsraim bleiwen oft steril a suggeréieren eng Distanz. Kritesch Froen a Bemierkunge sinn hei net ubruecht. Dës Grenze probéiere mir mat eisem Format ze briechen: Hei däerf een sech trauen ze denken an ze äusseren, wat ee soss just sengem Kolleeg um Heemwee vun enger Expo seet.

Mir brénge Konschtschafender an hire Public zesummen an testen d’Konscht als Kommunikatiounsmëttel an der Praxis — fort vun de wäisse Maueren an der Galerie, hin zum direkte Kontakt mat de Leit: Wat fir Froen, Associatiounen a Reaktioune kommen op?

🗣️ Mir invitéieren op en onkonventionellen Owend: Jeeweils zwee Konschtschafender weisen eng Selektioun u Wierker, unhand vun deene mer eis op eng virwëlzeg souwéi kritesch Rees maache ronderëm d’Fro: Wat soll dat Ganzt iwwerhaapt?

E spezifescht Virwëssen ass net néideg. Jiddereen, deen sech ugesprach fillt, ass Wëllkomm!🧡

✨ Dës Kéier mam Florence Everling a mam Menny Olinger.

---

❗️D'Participatioun ass GRATIS. Ëm eng Umeldung gëtt gebieden (info@ewb.lu).

Méi Informatiounen fannt Dir hei 👉🏼 ewb.lu/event/konscht-wat-soll-dat-5

---

👀 D'Expo FuelBox ass vum 2.–18. Oktober ze gesinn (14:00–19:00).
De Vernissage ass den 1. Oktober ab 17:00 Auer.

Summary

Generated with the help of AI.

Konscht – Wat soll dat? is an unconventional evening bringing together artists and the public for a critical, conversational exploration of art's role in society. Two artists, Florence Everling and Menny Olinger, present a selection of works that spark questions, associations, and reactions in an open, non-sterile format. No prior knowledge is needed; everyone is welcome. Participation is free, but registration via info@ewb.lu is requested.

You might also like

Culture

TABU THEMA Diagnose: Systemfehler | Gesprächsrunde

ErwuesseBildung asblErwuesseBildung asbl

Wed, Oct 21, 2026 at 6:30pm

Luxembourg

TalkFreeCommunity
Culture

SHIVER - Arnoldas Kubilius Book Launch

Rainbow CenterRainbow Center

Fri, Oct 16, 2026 at 7pm

Ville Haute

ExhibitionFreeVernissage
Culture

Konferenz / cairos plaster casts non finito und das ruinoese de konschthal

Konschthal EschKonschthal Esch

Thu, Nov 12, 2026 at 7pm

Esch-sur-Alzette

FreeExhibitionKultur
Culture

Lët’z Druddel!

ErwuesseBildung asblErwuesseBildung asbl

Tue, Oct 27, 2026 at 7pm

Luxembourg

LiteratureTalkComedy
Culture

Fuehrung / regelmaessige fuehrung durch die ausstellungen de lu konschthal

Konschthal EschKonschthal Esch

Thu, Oct 29, 2026 – Sun, Feb 14, 2027 · 11 dates

Esch-sur-Alzette

FreeMultilingualGuided tour
Culture

"Woraus die Welt gemacht ist" mit Judith Schalansky

Institut Pierre Werner LuxembourgNaturmuseeInstitut Pierre Werner Luxembourg with Naturmusee

Tue, Nov 24, 2026 at 7pm

Grund

LiteratureTalkFree
Culture

Atelier : Recherche a-z et Ressources en ligne

Ville de DudelangeVille de Dudelange

Sat, Oct 17, 2026 at 2pm

Dudelange

WorkshopFreeMultilingual
Culture

Workshops - Semaines de la santé mentale

Commune de BertrangeCommune de Bertrange

Thu, Oct 15, 2026 at 4pm

Bertrange

WorkshopCommunityLocal
Culture

Coffee with composers and artists rainy days 2026 / a chance to meet mingle and discuss

PhilharmoniePhilharmonie

Sat, Nov 21, 2026 at 10am

Luxembourg

TalkWorkshopMultilingual
Culture

Social dance with taster class @ Tetro

Swing Dance LuxembourgSwing Dance Luxembourg

Mon, Oct 12, 2026 at 7pm

Ville Haute

DanceAfterworkWorkshop
1 / 10