Skip to content
Back to events

Kabaret - Roland Gelhausen "t'ass net ze gleewen"

Wed, Jan 13, 2027 at 8pm

About this event

D'Kulturkommissioun vun der Gemeng Schengen presentéiert:
Kabaret: Roland Gelhausen - t'ass net ze gleewen

Kann een hautjesdaags iwwerhaapt nach eppes gleewen.
Verschwörungstheorien, Alternativ Fakten, Fake News, Deepfakes, Desinformatioun, manipuléiert Noriichten ... wien huet do nach den Duerchbléck?
Gëtt et een deen d’Wouerecht gepacht huet?
Da ginn et och nach gefillte Wouerechten. Mat deenen ass et wéi mat de gefillten Temperaturen. Wann engem bei realen 12 Grad am Schied de Wand em d’Ouere bléist an et huet een näischt um Kapp, da fillt et sech schonn e gutt Stéck méi kal un.
An wann engem Ligen ëmmer méi dacks a méi haart em d’Ouere fléien an et huet een näischt am Kapp, dann héieren déi sech ob eemol wéi Wouerechten un.
Mat Sécherheet gëtt et Leit déi Intressi drun hu wat mir gleewen. Bei de Politiker z.b.. Do sinn der déi gi Saache vun sech, do weess een net, léien se eis lo einfach nëmmen ouni Hemmung un oder sinn se sou domm a versti guer net ëm wat et geet.
An da weess een net wat engem léiwer wär.

ENTRÉE 20€
Sprooch: \tLëtzebuergesch
Dauer:\tEtwa 70 / 80 min

COMPTOIR: Jugendinitiative Boermereng

Key facts

Date and time
Wed, Jan 13, 2027, 8pm
Lineup
Roland Gelhausen
Price
€20
Getting there
14 Rue Auguste Liesch, L-5675 Burmerange, LuxembourgPublic transport directionsPublic transport in Luxembourg is free.