Skip to content
Back to events

D'musel waerend der belscher revolutioun eng konferenz vum sebastien vecchiato

Sun, Nov 15, 2026 at 3pm

About this event

Am Joer 1830 brécht déi belsch Revolutioun aus, an en Deel vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung schléisst sech hire Fuerderungen un. Tëscht 1830 an 1839 gëtt Lëtzebuerg bis zur Ënnerschrëft vum Londoner Traité am Joer 1839 vun der Belsch verwalt. Dëse Vertrag garantéiert Lëtzebuerg d’Onofhängegkeet bannent sengen haitege Grenzen.

De 15. November um 15 Auer wäert de Sébastien Vecchiato d’Geschicht vun der belscher Revolutioun an hir Konsequenze fir Lëtzebuerg ervirhiewen, mat engem besonnesche Fokus op der Situatioun vun der Muselregioun zu Lëtzebuerg. A wéi engem Mooss huet d’belsch Revolutioun d’Miseler Gemenge beaflosst? Wéi ee Profil haten d’Miseler, déi sech der Revolutioun ugeschloss hunn? Wéi eng Perséinlechkeeten si dem orangistesche Regimm trei bliwwen? Wéi hunn d’Miseler dëst belscht Zäitalter erlieft, éier si nees an de Groussherzogtum Lëtzebuerg integréiert goufen?

No der Konferenz gëtt et eng Diskussioun mat dem Public.

De Sébastien Vecchiato huet op der Universitéit Namur an op der Universitéit Lëtzebuerg studéiert an huet e Master an der Geschicht. Seng Masteraarbecht huet sech mam Parcours vun de Lëtzebuerger an der franséischer Friemelegioun tëscht 1831 an 1914 beschäftegt. Hien huet un e puer historesche Wierker an Zäitschrëfte matgeschafft.

Sonndes, den 15. November
Um 15.00 Auer
Op Lëtzebuergesch
Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)
Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu (limitéiert Kapazitéit, an der Limite vun de verfügbare Plazen)
Präis: gratis

_________________________

La Moselle dans la Révolution belge

En 1830 éclate la Révolution belge, et une partie de la population du Luxembourg adhère aux revendications qu’elle porte. Entre 1830 et 1839, le Luxembourg est administré par la Belgique jusqu’à la signature du traité de Londres en 1839. Ce traité accorde l’indépendance au Luxembourg dans les limites de ses frontières actuelles.

Le 15 novembre, à 15 h, Sébastien Vecchiato mettra en valeur l’histoire de la Révolution belge et ses conséquences au Luxembourg, en se focalisant sur la situation de la région de la Moselle luxembourgeoise. En quoi la Révolution belge a-t-elle impacté les communes mosellanes ? Quel était le profil des Mosellans qui se sont ralliés à la révolution ? Quelles personnalités sont restées loyales au régime orangiste ? Comment les Mosellans ont-ils vécu la période belge avant d’être réintégrés dans le Grand-Duché de Luxembourg ?

Un temps d’échange avec le public suivra la conférence.

Sébastien Vecchiato a effectué ses études à l’Université de Namur, puis à l’Université du Luxembourg et est diplômé d’un Master en Histoire. Il a rédigé son mémoire sur le parcours des Luxembourgeois dans la Légion étrangère française entre 1831 et 1914. Il a contribué à plusieurs ouvrages et revues historiques.

Dimanche 15 novembre
À 15h
En luxembourgeois
Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu (capacité limitée, dans la limite des places disponibles)
Tarif : gratuit

Summary

Generated with the help of AI.

A historical conference titled "The Moselle during the Belgian Revolution" will be held, featuring Sébastien Vecchiato, a historian with a Master's degree in History from the University of Namur and the University of Luxembourg, who has published in several historical works and journals. The lecture, delivered in Luxembourgish, explores the impact of the 1830 Belgian Revolution on Luxembourg, focusing specifically on the Moselle region: how Belgian rule (1830–1839) influenced Moselle communes, the profiles of local residents who joined the revolutionary movement, those who remained loyal to th

You might also like

Culture

Journée de Commémoration nationale

Gemeng HesperGemeng Hesper

Sun, Oct 11, 2026 at 10:30am

Bouillon

ComedyCabaretCommunity
Culture

Duerch d'archive fluess an hanf an der laendlecher letzebuergescher muselregioun

Musée « A Possen »Musée « A Possen »

Sun, Oct 11, 2026 at 3pm

Bech-Kleinmacher

FreeHeritageTalk
Culture

Konferenz - Lily Unden

Commune de MondercangeCommune de Mondercange

Fri, Oct 9, 2026 at 7pm

Mondercange

FreeHeritageLocal
Culture

Nationale Commemoratiounsdag zu Schëtter

Gemeng SchëtterGemeng Schëtter

Sat, Oct 10, 2026 at 5pm

Schuttrange

WorkshopCommunityLocal
Family & Kids

Liesung "De Maulef Muck - Mat gudde Frënn gesäit ee méi wäit"

opti-vueopti-vue

Sat, Oct 10, 2026 at 2pm

Luxembourg

LiteratureTalkFree
Culture

Eng guidéiert Visitt duerch de Musée « A Possen »

Musée « A Possen »Musée « A Possen »

Sat, Oct 10 – Sat, Dec 19, 2026 · 10 dates

Bech-Kleinmacher

ExhibitionGuided tourKultur
Culture

Atelier | Recherche A-Z et ressources en ligne

CNA LuxembourgCNA Luxembourg

Sat, Oct 17, 2026 at 2pm

Dudelange

WorkshopFreeGuided
Culture

Paysages du fer

Cube521Cube521

Thu, Feb 4, 2027 at 7pm

Marnach

FreeHeritageTalk
Culture

Journée de commémoration nationale à Kehlen

Gemeng KielenGemeng Kielen

Sun, Oct 11, 2026 at 9:30am

Kehlen

ComedyCabaretHeritage
Culture

First they came for the migrants droits humains face aux politiques migratoires europeennes

BN LuxembourgBN Luxembourg

Thu, Nov 26, 2026 at 6pm

Luxembourg

TalkLocalCommunity
1 / 10