Skip to content
Back to events

D’Julie an den Aprikosejong

Thu, Feb 4, 2027 at 8:30am

About this event

D’Julie an den Aprikosejong

Dates disponibles :
• 04/02/2027 à 08:30
• 04/02/2027 à 10:30
• 05/02/2027 à 08:30
• 05/02/2027 à 10:30
• 08/02/2027 à 10:00
Lieu : Aalt Stadhaus - Salle de spectacle

D’Julie ass e klengt Meedche mat enger grousser Leidenschaft fir eng ganz bestëmmte Fruucht: séiss, säfteg a samteg Aprikosen. Am Bësch, net wäit ewech vu sengem Doheem, sou heescht et, steet e ganz besonneschen Aprikosebam, dee gréisste vu senger Zort, mat deene beschten a schéinste Friichten, déi jee ee Mënsch gesinn huet.

Säi Papp awer huet dem Julie strengstens verbueden, an dëse Bësch ze goen, well, sou erzielen sech d’Duerfbewunner säit Joerhonnerten, der Doud do lauert.
Mee well d’Julie gewinnt ass, dat ze kréien, wat et wëll, a well seng onmoosseg Gloscht him keen anere Choix léisst, schläicht hat sech enges Nuets heemlech eraus, fir dës eenzegaarteg Këstlechkeet ze schmaachen. An tatsächlech, déif am Bësch verstoppt, fënnt d’Julie e risege Bam, mat Aprikosen sou grouss wéi Melounen. Hatt hat also, sou seet et sech, wéi ëmmer Recht. An et huet dëse Gedanken nach net richteg zu Enn geduecht, wéi et op eemol am Gebësch raschelt an e wonnerbaart klengt Wiesen ervir kënnt, dat dem Julie seng Virstellungskraaft bei wäitem iwwertrëfft…

Ausgoend vu senger Kuerzgeschicht The Little Girl That Knew Better, (Les Cahiers Luxembourgeois Numéro 3, 2020) entwéckelt de Cosimo Suglia, deen 2021 mam Chrysalis Award, e Präis fir Nowuessschrëftsteller a spekulativer Fiktioun, fir Lëtzebuerg ausgezeechent gouf, zesumme mam Daliah Kentges en Theaterstéck fir Kanner ab sechs Joer.

Zousätzlech Informatiounen
Text: Cosimo Suglia
Regie: Daliah Kentges
Assistenz: Laetitia Lang
Bün a Kostüm: Anouk Schiltz
Musek: Arthur Possing
Theaterpedagogeschen Dossier: Laetitia Lang
Mam: Mady Durrer (Erzielerin a Bam), Magaly Teixeira (Julie), Luc Lamesch (Aprikosejong)
Produktioun: Théâtre du Centaure
Koproduktioun: Kulturhaus Niederanven a Kinneksbond Centre Culturel Mamer
Ënnerstëtzung: Ministère de la Culture a Ville de Luxembourg
Award: Gewënner vum Bünepräiss 2025 an der Kategorie „Bescht Kanner- a Jugendtheaterproduktioun“
Alter: vu 6 Joer un
Dauer: 60 Minutten
Sprooch: Lëtzebuergesch

Summary

Generated with the help of AI.

Theatre performance "D'Julie an den Aprikosejong" (The Little Girl That Knew Better), a children's theatre piece for ages 6 and up, performed in Luxembourgish. It runs about 60 minutes and is staged at the Aalt Stadhaus venue. The story follows a little girl named Julie with a passion for apricots who ventures into a forbidden forest to taste legendary fruits and encounters a wonderful little creature. Created from a short story by Cosimo Suglia (winner of the Chrysalis Award), directed by Daliah Kentges, with music by Arthur Possing, featuring performers Mady Durrer, Magaly Teixeira and Luc L

You might also like

Family & Kids

D’Märche vun de Stärendaler

PhilharmoniePhilharmonie

Sat, Dec 19, 2026 at 11am

Luxembourg

Family friendlyLocalLive
Family & Kids

Der kleine Drache Immer-Heiß

PhilharmoniePhilharmonie

Sat, Nov 14, 2026 at 11am

Luxembourg

DanceFamily friendlyFamily
Family & Kids

GROUSSEN THEATER FIR KLENG AEN - 17. - 18.10.2026

Commune de Kayl/TétangeCommune de Kayl/Tétange

Sat, Oct 17 – Sun, Oct 18, 2026

Pétange

MultilingualFamily friendlyLocal
Family & Kids

Les Petits Touts | Cirque d'objets (APRÈS-MIDI)

Kulturhaus NiederanvenKulturhaus Niederanven

Sun, Jan 10, 2027 at 3pm

Niederanven

DanceFamily friendlyLive
Family & Kids

De Maulef an de Koup | Musekstheater

Kulturhaus NiederanvenKulturhaus Niederanven

Sun, Mar 21, 2027 at 10:30am

Niederanven

DanceFamily friendlyLive
Family & Kids

Der Kleine Drache Kokosnuss I Luxembourg

Den AtelierDen Atelier

Sun, Apr 18, 2027 at 2pm

Dudelange

DanceFamily friendlyLive
Family & Kids

Pumuckl | Luxembourg

Den AtelierDen Atelier

Sun, Nov 21, 2027 at 2pm

Dudelange

DanceFamily friendlyLive
Family & Kids

Youth Corner Film | 6-12 ans | Le Studio CinéKrafté : Spécial Noël

CNA LuxembourgCNA Luxembourg

Sat, Nov 14, 2026 at 10am

Dudelange

WorkshopFamily friendlyFamily
Family & Kids

Dräi luusseg, muusseg Monsteren

PhilharmoniePhilharmonie

Sat, Oct 24, 2026 at 10:30am

Luxembourg

JazzLiveFamily friendly
Family & Kids

Déi kleng Hex

PhilharmoniePhilharmonie

Sat, Oct 24, 2026 at 11am

Luxembourg

JazzFamily friendlyLive
1 / 10