Skip to content
Back to events

Trefft dnaturalisten dvullewelt am wandel wou sinn eis oppeland aarten

Mon, Mar 15, 2027 at 8pm

About this event

D’Sociéte des naturalistes luxembourgeois (snl.lu) an den Naturmusée invitéieren am Kader vun der Serie Trefft d'Naturalisten op dëse Virtrag vum Patric Lorgé.

D'Virträg dauere 45 Minutten, duerno ass Zäit fir Froen an e flotten Austausch. D’Zil ass verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevillfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. D’Virträg ginn op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch gehalen.

Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech hei umellen: snl.lu/events/serie-videokonferenzen.

Organisatioun: Société des naturalistes luxembourgeois & Naturmusée an Zesummenaarbecht mat dem Naturschutzsyndikat SICONA, der Association des biologistes luxembourgeois, Les amis du musée national d’histoire naturelle, der Administration de la nature et des forêts, der Fondation Hëllef fir d'Natur an dem Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité.

Foto: (c) Claude Kolwelter

Key facts

Date and time
Mon, Mar 15, 2027, 8pm
Getting there
Gemeng Ierpeldeng-Sauer