D'Vakanz ass scho riwwer an dir wëllt se nach bësse verlängeren? Oder dir wëllt scho bësse Vakanzefeeling schnupperen éiert et lass geet? Dann luet de Club des Jeunes Mäerzeg Iech an op hiert Summerfest 2026.
📅 De 14. An 15. August erwaarden Iech am Mäerzeger Park 2 flotter Deeg mat Vakanzen-Atmosphär a relaxe Vibes!🏝🏖
FREIDES de 14. AUGUST vu 17h00-01h00 Auer:
Ab 17 Auer geet et lass mat engem Afterwork an entspaanter Atmosphär.
Dat Ganzt gëtt begleet mat enger entspaanter Musik an och hongreg gitt der net gelooss. De ganzen Owend gëtt et eppes vum Grill!🍸🍺
SAMSCHDES de 15. AUGUST vu 15h30-1h00:
Samschdes geet et ab 15h30 lass. Dir kënnt gemittlech een drénke kommen, an och fir Animatioun fir d'Kanner gëtt gesuergt. Ee Sprangschlass an an Zesummenaarbecht mat der Nordstadjugend gëtt Facepainting ugebueden. Jee no Wiederkonditioune kennen och Waasserspiller offréiert ginn.
SAMSCHDES:
Owes gëtt ee fixe Menü ugebueden, de Grill bleift trotzdeem fir jiddereen op deen net reservéiert huet.🥩🌭
🥘🍗MENÜ:
Entrée
+++
Paella
+++
Dessert
PRÄISS: 45€
Oder:
Paella
+++
Dessert
PRÄISS: 35€
D'Plazen fir de Menü sinn LIMITÉIERT dofir maacht Iech bäi! Umellen kënnt der Iech iwwert Mail (cdj.mertzig@gmail.com) oder beim Ben D'Harcour ënnert der Nummer: 621 711 027 oder beim Jessey Valente ënnert der Nummer: 621 390 032 (ab Moies 08h00 - 22h00, SMS erwënscht)
All Reservatioun ass réischt valabel ab der Bezuelung op eise Compte. (LU26 0019 2255 0149 3000)
Paella gëtt et och als *à emporter*
OCH HEI ASS ENG RESERVATIOUN NOUTWENNEG!!!
PRÄISS: 30€
—Reservatioun ass bis de 10.August um 12:00 Auer méiglech—
🍸🍹Och Owes wäert eis Cocktail-lounge op sinn, an dir kënnt op gemittleche Strandstill, "Beachfeeling" genéissen.
Vun Wäin, iwwert d'Klassiker wéi Béier a Softdrink bis hin zu selwer gemaachte Cocktaile ass fir jiddereen eppes dobäi!
🎶
Musikalesch Begleet gëtt den Owend Samschdes vum José Reyes deen Iech mat senger Musik am Gipsy Kings-Style direkt op d' Plage brengt!🕺💃
Verbréngt mat eis 2 flotter Deeg mat Famill a Frënn a genéisst een Hauch vu Vakanz zu Mäerzeg an eisem flotte Park!
Bei Froe schreift eis gären un!