BACK TO THE 90s – SHOW CONCERT 🎶
Zréck an eng Zäit vu VHS-Kassetten, Tamagotchis, Walkmans an Hits, déi een haut nach direkt matsange kann.
D’Harmonie Klengbetten hëlt Iech de Samsden 14. November 2026 am Centre culturel Keeseminnen zu Stengefort mat op e musikaleschen Owend duerch d’90er.
🎬 Am éischten Deel gëtt et grouss Filmmusek an emblematesch Wierker aus den 90er – ënner anerem Titanic a Conquest of Paradise.
🎸 Am zweeten Deel gëtt et méi haart, méi poppeg a virun allem méi 90s: vu Robbie Williams, Metallica an Die Ärzte bis bei d’Spice Girls an dat, wat een haut ganz léif „Trash Pop“ nennt. Donieft sti dräi speziell Arrangementer vum Georges Sadeler um Programm – dorënner Zombie vun The Cranberries.
🎤 Um Gesank: Debbie Marinkovic & Philippe Köller
🎼 Direktioun: Robert Köller
🪩 Support an After Party mam DJ Djails bis 01:00 Auer
📍 Centre culturel Keeseminnen – Stengefort
🕗 Ufank: 20:00 Auer
🎟️ Entrée: 15 €
🎓 Studenten: 10 €
👧 Kanner bis 12 Joer: gratis
Harmonie Klengbetten – BACK TO THE 90s
🇬🇧 **ENGLISH**
BACK TO THE 90s! 🎶
Join Harmonie Klengbetten on Saturday the 14 November 2026 for a musical trip back to the 90s – from iconic movie soundtracks such as Titanic and Conquest of Paradise to rock, pop and the wonderfully guilty-pleasure side of 90s music.
Expect music by Metallica, Britney Spears, Robbie Williams, the Spice Girls, The Cranberries and many more – live with singers Debbie Marinkovic & Philippe Köller.
🪩 Support & After Party with DJ Djails until 01.00 o'clock
📍 Centre culturel Keeseminnen – Steinfort
🕗 20.00 o'clock
🎟️ €15 | Students €10 | Children up to 12 free