🎄✨ Schierener Wantermaart 2026! ✨🎄
De 27. an 28. November 2026 ass et nees esou wäit! De Schierener Wantermaart invitéiert Iech op zwee gemittlech Owender a wanterlecher Atmosphär, flotter Ënnerhalung a besonneschen Highlights. 🤩
🎈 Och dëst Joer steet samschdes eis spektakulär Ballon-Nightglow-Show nees um Programm! Nodeems eis d'Wieder d'lescht Joer leider e Stréch duerch d'Rechnung gemaach huet an d'Show wéinst dem Reen net konnt stattfannen, hoffe mir, datt d'Wieder dëst Joer matspillt an d'Ballonen de Schierener Himmel endlech nees zum Liichte bréngen! ✨
🔥 Eng nei Attraktioun ass dëst Joer „The Yelling Kitchen Prince“, dee mat senger aussergewéinlecher Show op béiden Deeg fir Staunen a Begeeschterung suerge wäert!
🎶 Fir déi richteg musikalesch Stëmmung suergen de Samschden den DJ Freezy an DJ Skit.
🍷☕️ Och fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt! Eis Schierener Veräiner verwinnen Iech mat leckere Spezialitéiten a waarmt Gedrénks. Déi perfekt Geleeënheet, fir mat Frënn a Famill e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen a sech zesummen op d'Wanterzäit anzestëmmen.
🎶 Event-Programm:
📅 Freides, de 27. November:
•\t17:00 Auer: Afterwork
•\t19:00 Auer: Animatioun mat der Schierener Schoul an der Schierener Musek 🎶
•\t20:30 Auer: Show mam The Yelling Kitchen Prince 🔥
📅 Samschdes, den 28. November:
•\t17:00 – 22:00 Auer: DJ-Set mat DJ Freezy & DJ Skit 🎶
•\t19:00 Auer: Show mam The Yelling Kitchen Prince 🔥
•\tGéint 20:00 Auer: Spektakulär Ballon-Nightglow-Show 🎈✨
🎈 D'Ballon-Nightglow-Show ass vum Wieder ofhängeg. Déi genee Auerzäit kann sech nach änneren.
📍 Zu Schieren beim Boulodrome
🕔 Op béiden Deeg vu 17:00 bis 22:00 Auer
Kommt laanscht, genéisst déi wanterlech Atmosphär am Duerf a verbréngt zwee flott Owender mat eis! 🎄✨
Mir freeën eis op Iech! 💙