Skip to content
Back to events

Robert Philippart: Handel, Wandel, Bauen an der Stad

Tue, Dec 1, 2026 at 6:30pm

About this event

D'Union Commerciale vun der Stad gouf virun 120 Joer gegrënd. Hir Fonctioun wor deemols fir kënnen den Interlocuteur vu Stad a Staat ze sinn wann et em Urbanismus a wirtschaftleche Entwécklung goung. D'Geschäftsleit hunn eng spezifesch Architektur an Design entwéckelt fir hir Geschäftshäiser an Devanturen. Si hu sech an der Stad eng Identitéit ginn, déi mer an der Konferenz gesinn. D'Geschäftswelt huet och engagéiert matdiscutéiert wann et em d'Urbaniséierung vum Plateau Bourbon goung an huet eng 2. Avenue duerch d'Alstad gefrot. Hir Meenung huet gezielt bei Projets wéi dem Bau vun enger neier Kathedral, engem Palais de Justice, engem Nationalmusée, enger Maarthal, schaafe vu Passages commerciaux. Selwer wollte si aus Lëtzebuerg eng "Kurstadt" man fir Touristen. D'Konferenz geet op des Froen aus den Ufanksjoeren vun der Union Commericale an.

Oblgatoresch Umellung:
bibliotheque-events@vdl.lu oder 47962732
citybiblio.lu/event/mardis-litteraires--robert-philippart

Key facts

Date and time
Tue, Dec 1, 2026, 6:30pm – 7:30pm
Getting there
3 Rue Genistre, L-1623 Ville Haute, LuxembourgPublic transport directionsPublic transport in Luxembourg is free.