Skip to content
Back to events

Quizowend vun der Fielser Musek

Sat, Jan 9, 2027 at 7pm

About this event

🎉🧠 QUIZOWEND VUN DER FIELSER MUSEK 🧠🎉

Wéi gutt ass äert Allgemengwëssen? 🤔 Stellt är Equipe zesummen a kommt op e flotten a gesellege Quizowend bei d'Fielser Musek! 🎶🍻

👥 EQUIPEN
Eng Equipe däerf aus maximal 6 Persoune bestoen. Natierlech kënnt Dir och mat manner Leit matmaachen!

📝 UMELDUNG
Mellt är Equipe bis spéitstens den 2. Januar hei op Facebook per Privatnoriicht un d'Fielser Musek un.

Gitt bei der Umeldung wgl. Folgendes un:

- Den Numm vun ärer Equipe
- D'Unzuel vun de Participanten

💰 PRÄIS: 20 € PRO PERSOUN

Am Präis abegraff sinn:

D'Participatioun um Quizowend 🧠

🍲 Zoppebuffet à volonté. Et stinn zwou verschidden Zoppen zur Auswiel, dovun eng vegan. 🌱

🕖 PROGRAMM

19:00 Auer – D'Diere ginn op

19:30 Auer – De Quiz fänkt un

🏆 Wien huet dat bescht Allgemengwëssen? Wien huet déi cleverst Equipe?

Kommt laanscht, verbréngt e flotten Owend mat äre Frënn a stellt äert Wëssen op d'Prouf!

Mir freeën eis op Iech! 💛🎶

Är Fielser Musek

Key facts

Date and time
Sat, Jan 9, 2027, 7pm
Getting there
19A Rue de Medernach, L-7619 Larochette, LuxembourgPublic transport directionsPublic transport in Luxembourg is free.