Skip to content
Back to events

Nationalen Dag vum Bam

Sat, Nov 14, 2026 at 2pm

About this event

Zanter ville Jore feiert d’Gemeng Steesel den Nationalen Dag vum Bam. Dobäi gëtt eng Plaz beplanzt, fir déi Neigebuere vum Joer virdrun an der Gemeng ze begréissen.

All d'Awunner aus der Gemeng Steesel sinn häerzlech invitéiert.

Eis lokal Scouten „Wëll Säi“ planzen d’Beem.

D’Singing Kids suerge fir de musikaleschen Encadrement.

Eng gemeinsam Aktioun fir eis Natur:

Wie wëll, kann dës Initiativ mat engem Bäitrag vu 25€ ënnerstëtzen an domat symbolesch e Bam stëften.
Als Merci gëtt Ären Numm op enger hëlzener Bänk veréiwegt, déi mir spéider opstellen.

Meld iech weg un op durable@steinsel.lu

D’Participatioun un der Manifestatioun ass gratis an net un e Bäitrag gebonnen. Et ass och eng Klengegkeet fir z’iessen an ze drénke virgesinn.

Key facts

Date and time
Sat, Nov 14, 2026, 2pm – 4pm
Lineup
Singing Kids
Price
Free entry
Getting there
Müllendorf, LuxembourgPublic transport directionsPublic transport in Luxembourg is free.