Skip to content
Back to events

Monnerecher Wanterweekend

Sat, Nov 28, 2026 at 4pm

About this event

De Schäfferot invitéiert op de Monnerecher Wanterweekend!

Samschdes, 28. November: Monnerecher Gaudi
16h00 - Ufank
18h00 - Optrëtt vun der Coverband "Emotions" (DE)
22h00 - Feierowend

Sonndes, 29. November: Besuch vum Kleeschen
11h00 - Ouverture vun de Chaleten op der Duerfplaz
13h45 - Depart vum Cortège beim Musekssall
14h15 - Besuch vum Kleeschen op der Duerfplaz (bis 16h00)
18h00 - Feierowend

Wichteg: denkt weg drun äre Bong fir är Tiitchen matzebréngen. De Kleeschen schéckt iech dëse mat der Post Heem.

Kommt laanscht, a loosst iech vun eise lokale Veräiner verwinnen! Fir Ofwiesslung suergt eng synthetesch Äispist! Gratis Locatioun vun de Schlittschong op der Plaz.

Et maache mat: Chorale Ste Cécile Monnerech, Chorale Ste Cécile Steebrécken-Biergem, CTSA, FC Monnerech, Fräizäitclub STG, Harmonie Municipale Monnerech, Jumo, Monart, Nii Méi Niichter, Pleine Forme an de Schëffsmodellbau Monnerech.

Key facts

Date and time
Sat, Nov 28 – Sun, Nov 29, 2026
Lineup
Emotions, Chorale Ste Cécile Monnerech, Chorale Ste Cécile Steebrécken-Biergem, Harmonie Municipale Monnerech
Getting there
16 Rue d'Esch, L-3920 Mondercange, LuxembourgPublic transport directionsPublic transport in Luxembourg is free.