Skip to content
Back to events

Midnight Elegance Silvester am Bistro Quai

Thu, Dec 31, 2026 at 8pm

About this event

✨ Midnight Elegance – Silvester am Bistro Quai ✨

Feiert den Iwwergang an dat neit Joer an enger eleganter Ambiance am Bistro Quai.

Op dësem Owend erwaart Iech e Flying Dinner mat 13 kulinareschen Highlights, begleet vun ausgewieltem Gedrénks bis Mëtternuecht. 🥂

Mise-en-Bouche
Schampesjelli mat Kaviarpärelen

Häerzhaft Platen
• Tartare vum geräiftem Rëndfleesch a knusperegem Brout
• Kuerz ugebrode Jakobsmuschelen, Hieselnossbotter a Citron confit
• Oppen Homard-Ravioli mat opgescheimter Bisque mat Estragon
• Tataki vum rouden Thon, schwaarze Seesam a Ponzu
• Œuf parfait, Parmesancrème a Speck-Streisel
• Mini Paschtéit mat Ris de Veau, kräftegem Jus a Champignonen
• Gebrode Gnocchi mat Trüffelcrème a geréischterten Hieselnëss
• Knusperege Canard à l'Orange a festlech Gewierzer

Séiss Platen
• Schockela-Praliné-Kugel mat Goldakzenter
• Mini Rum-Baba mat Tahiti-Vanille-Schlagsan
• Frëschen Dessert am Glas mat Mango, Passiounsfruucht a Kokos

Waarm Finale
Topinambur-Velouté mat Trüffelueleg

Um 00:00 Auer stousse mir zesumme mat engem Midnight Delight Cocktail op 2027 un, ier den Owend mat DJ & Party bis 03:00 Auer weidergeet.

150 € pro Persoun
Flying Dinner an ausgewielte Gedrénks bis Mëtternuecht abegraff, duerno DJ Party.

📍 Bistro Quai
📅 31. Dezember 2026
🎶 DJ & Party bis 03:00 Auer

Reservatiounen op quai.lu

Key facts

Date and time
Thu, Dec 31, 2026, 8pm – 3am
Getting there
73 Route du Vin, 6794 Grevenmacher, LuxembourgPublic transport directionsPublic transport in Luxembourg is free.