[LU]
Marché des Découvertes – „Trashtalk“
De Schäfferot vun der Gemeng Monnerech huet d’Freed, Iech häerzlech op de Marché des Découvertes – „Trashtalk“ an ze lueden, deen de 15. Oktober 2026 vu 16:00 bis 18:30 Auer am Centre „A Bosselesch“ stattfënnt.
Pilier vun dësem Event ass d'Geleeënheet, verschidde lokal Acteure z’entdecken, déi sech fir d'Behandlung an d’Opwäertung vum Offall engagéieren.
Eis Partner um Terrain:
REPAIR CAFE LËTZEBUERG
Virstellung vun de Reparaturaktivitéiten a Live-Demonstratiounen;
SUPER DRECKSKËSCHT
Virstellung vun engem Kannerbuch iwwer Ökologie an nohalteg Entwécklung;
FACILITEC
Informatiounen a Rotschléi ronderëm de Recycling an d'Opwäertung vu Ressourcen;
Stand vun der Gemeng Monnerech
Informatiounen iwwer déi lokal Offallgestioun, Sensibiliséierung an d'Verdeelung vu prakteschem Material (Poubellen, Offalltuuten, Flyeren, asw.).
Den Nomëtteg gëtt duerch vill lëschteg Aktivitéite rhythméiert: interaktiv Spiller, kreativ Participatiounsworkshops fir jiddereen a vill Informatiounsstänn.
D'Visiteure kënnen och un de Präsentatiounen deelhuelen an sech direkt mat den Acteuren austauschen.
Wéini?
Donneschdeg, 15. Oktober 2026 vu 16:00 bis 18:30 Uhr
Wou?
Centre „A Bosselesch“ (1, rue de Limpach L-3932 Mondercange)
Kommt laanscht!
[LU]
Marché des Découvertes – « Trashtalk »
Le collège des bourgmestre et échevins de la Commune de Mondercange a le plaisir de vous convier au Marché des Découvertes – « Trashtalk », qui se tiendra au Centre « A Bosselesch », le 15 octobre 2026, de 16h00 à 18h30.
Lors de cet événement, vous aurez l’occasion de découvrir différents acteurs locaux engagés dans le traitement et la revalorisation des déchets.
Nos partenaires présents :
REPAIR CAFE LËTZEBUERG
Présentation des activités de réparation et démonstrations en direct ;
SUPER DRECKSKËSCHT
Présentation d’un livre pour enfants consacré à l’écologie et au développement durable ;
FACILITEC
Informations et conseils autour du recyclage et de la valorisation des ressources ;
Stand de l’administration communale de Mondercange
Informations sur la gestion locale des déchets, sensibilisation et distribution de matériel pratique (poubelles, sachets, flyers, etc.).
L’après-midi sera rythmé par de nombreuses activités ludiques : ateliers participatifs et créatifs accessibles à tous, jeux interactifs et stands d’information.
Les visiteurs pourront également assister aux présentations et échanger directement avec les intervenants.
Quand ?
Jeudi 15 octobre 2026 de 16h00 à 18h30
Où ?
Centre « A Bosselesch » (1, rue de Limpach L-3932 Mondercange)
Venez nombreux !