Skip to content
Back to events

Les 100 pas / filmvirfeierung a gespreich mat der regisseurin nora wagner

Fri, Oct 30, 2026 at 6:30pm

About this event

„Les 100 Pas“ ass een experimentelle Roadmovie, dee wärend enger véierméinteger Rees duerch Lëtzebuerg an d’Belsch entstanen ass. Zu Fouss ënnerwee an een – herno zwee – Ween hannert sech hier zéiend, déi alles enthalen hunn, wat ee fir Stroum ze maachen a fir ze Iwwerliewen an der Natur brauch, hunn d’Regisseurin Nora Wagner an de Cinematograph Kim El Ouardi gemeinsam mat all den ënnerschiddleche Leit, déi se ënnerwee begéint hunn, ee partizipative Film geschaf.

An enger Mëschung aus Dokumentatioun a Fiktioun fänkt de Film Momenter vu Kampf, Poesie a Widderstandsfäegkeet an – vu Bëschritualer bis hin zu improviséiertem Feieren. ✨

De Film, dee souwuel ee kënschtlerescht Experiment wéi och als erlieften Erfarung konzipéiert ginn ass, gestalt sech duerch Begéinungen. 🫂

Am Kär hannerfreet „Les 100 Pas“ eis kapitalistesch, individualistesch an extraktivistesch Liewensweis – net nëmmen thematesch, mee och duerch säi Produktiounsprozess. De Film schléit alternativ Weeër vir, Biller, Geschichten a Bezéiungen ze gestalten. D’Natur spillt eng aktiv Roll a reegt zum Nodenken, zur Fürsorge an sech nei Verbannen un. 🤝

„Les 100 Pas“ portraitéiert eng blesséiert an desillusionéiert Gesellschaft, mee och eng, déi voll Widderstandskraaft, Zäertlechkeet an Hoffnung ass. 🌱

---

🗣️No dëm Film hutt Dir d’Méiglechkeet, mat der Regisseurin Nora Wagner an d’Gespréich ze kommen.

---

❗️D'Participatioun ass GRATIS. Umeldung: info@ewb.lu.
ℹ️ Méi Informatiounen fannt Dir hei 👉🏼 ewb.lu/event/les-100-pas-vum-nora-wagner

Summary

Generated with the help of AI.

Screening of “Les 100 Pas,” an experimental road movie blending documentary and fiction, created during a four-month journey on foot through Luxembourg and Belgium. Directed by Nora Wagner with cinematographer Kim El Ouardi, it explores struggle, poetry, resilience and alternative ways of living through encounters with people and nature. A conversation with the director follows the film. Participation is free; registration by email is required.