Skip to content
Back to events

This edition is over

Last edition: . The next one is not announced yet. As soon as the organiser lists it, you will find it on paytix.

Kruuchtener Kiermes

Sat, Aug 22, 2026 at 2pm

About this event

🎉 45 Joer Club des Jeunes Cruchten – Kommt mat eis feieren!
De Club des Jeunes Cruchten feiert dëst Joer säi 45. Anniversaire a mir invitéieren Iech häerzlech op eis Kiermes!
📅 Samschdes, 22. August
Ab 18:00 Auer geet et lass mat eiser traditioneller Kiermesham mat Fritten a Zalot fir 27 €. Duerno geet d'Party weider ! Kiermesbal mam DJ EPP! an als Extra gëtt et Fräibéier vun 21:00 bis 22:30 Auer. Ausserdeem geet Noumer Musek fir den Hämmelsmarsch duerch d'Duerf a suergt fir déi richteg Kiermesstëmmung🎶
📅 Sonndes
Ab 11:30 Auer starte mir mam Apéritif, Gegrills de ganzen Dag. Fir Grouss a Kleng ass och vill Animatioun virgesinn: Intenrennen, Stiwwelweitworf, Face Painting an en 11-Meter-Tournoi ab 13:00 Auer⚽️D'Aschreiwung kascht 20 € pro Ekipp vu 5 Spiller.
📞 Umellung fir d'Iessen an den 11-Meter-Tournoi:
621 240 511 oder
📧 clubdesjeunescruchten@gmail.com
🥳 Kommt laanscht, feiert mat eis 45 Joer Club des Jeunes Cruchten an d'Kruuchten Kiermes a verbréngt e flotte Weekend voller gudder Stëmmung a vill Spaass. Mir freeën eis op Iech!

Äre Club des Jeunes Cruchten❤️

Key facts

Date and time
Sat, Aug 22, 2026, 2pm
Getting there
Cruchten Fussball Terrain,Haaptstroos