KONFERENZ
De Mikrobiom
Wéi dës onsiichtbar Welt eis Gesondheet beaflosst
A sengem Virtrag gëtt de Pr. Paul Wilmes en Iwwerbléck iwwer de mënschleche Mikrobiom, seng Roll an d'Fuerschung, déi dozou am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine vun der Universitéit Lëtzebuerg gemaach gëtt. Hien wäert ënnert anerem op follgend Aspekter agoen:
- den Afloss vum Mikrobiom op d'Gesondheet an op verschidde Krankheeten
- Beispiller aus rezenten Fuerschungsstudien
- d'Aart a Weis wéi mer gebuer ginn an den Afloss vum Mikrobiom op d'Entwécklung vum Mikrobiom bei Puppelcher
- d'Zesummespill vu Mikroben an Ernärung
- d'Entstoe vun Daarmkriibs a Parkinson
- wat de Mikrobiom eis iwwer déi fréi Stadie vun neurodegenerative Krankheete wéi Parkinson an Alzheimer verrode kann
- wéi mer de Mikrobiom duerch eise Liewensstil beaflosse kënnen fir gesond ze bleiwen.
Plaz: Am Escher Stadhaus am Gemengerotssall um 1. Stack
Fräien Entrée, Umeldung erwënscht:
Escher BiBSS: T: 2754-2210, escherbibss@villeesch.lu
********************************************************************
CONFÉRENCE
Le microbiote humain:
Ce monde invisible qui agit sur notre santé
Dans sa présentation le professeur Paul Wilmes donne un aperçu du microbiote humain et de son rôle, ainsi que de la façon dont il est étudié au Luxembourg Centre for Systems Biomedicine de l'Université du Luxembourg. Il abordera entre autre les aspects suivants:
- l'influence du microbiote sur la santé et la maladie
- exemples tirés d'études de recherche actuelles: la manière dont le type d'accouchement influence le développement du microbiote chez les nourrissons,
- l'interaction entre les microbes et l'alimentation et son influence sur le développement du cancer du côlon et de la maladie de Parkinson
- les informations que le microbiote peut révéler sur les stades précoces des maladies neurogénératives comme la maladie de Parkinson et la maladie d'Alzheimer
- comment nous pouvons influencer le microbiote pour rester en bonne santé.
Lieu: Hôtel de Ville d'Esch, salle des séances au 1er étage
Entrée gratuite, inscription souhaitée via
Escher BiBSS: T: 2754-2210 ou escherbibss@villeesch.lu