Skip to content
Back to events

KLIMAFORUM GREVENMACHER

Thu, Nov 26, 2026 at 6:15pm

About this event

🌍⚡ KLIMAFORUM – Stroum produzéieren, consomméieren an deelen!
Wéi kënne mir Stroum nohalteg produzéieren, consomméieren an ënnerenee deelen? A wéi eng Méiglechkeeten a Perspektiven erginn sech doduerch fir eis Zukunft?
De Klimateam vun der Gemeng Gréiwemaacher invitéiert Iech häerzlech op e KLIMAFORUM zum Thema:
⚡ „Stroum produzéieren, consomméieren an deelen“
D'Klima-Agence hält en informative Virtrag an der uschléissender Table ronde diskutéiere mir zesumme mat Experten iwwer dëst aktuellt Thema. Och de Public ass häerzlech invitéiert, sech mat Froen a Beiträg un der Diskussioun ze bedeelegen.
🥂 Zum Ofschloss invitéiere mir Iech op en Éierewäin mat klenge Häppercher.
🌱 Nohaltegkeet läit eis um Häerz!
Mat verschiddene konkrete Moossname wëlle mir dozou bäidroen, eisen Event esou ëmweltfrëndlech a ressourcëschounend wéi méiglech ze gestalten.
🍎 Beim Iessen an de Gedrénks setze mir ënner anerem op Bio-, regional an/oder Fairtrade-Produiten.
♻️ Och beim Geschier leeë mir Wäert op eng nohalteg Léisung: Bei eis gëtt et keng Einwegbecheren, keng Einwegtelleren a keen Einwegbesteck!
🚌 Kommt wa méiglech mam ëffentlechen Transport!
De Centre culturel „Machera“ zu Maacher ass gutt mam ëffentlechen Transport ze erreechen. Mir encouragéieren Iech dofir, wa méiglech mam Bus oder Zuch ze kommen.
All Informatiounen zu de Verbindunge fannt Dir op: 👉 mobiliteit.lu
📅 Donneschdeg, 26. November 2026 🕕 18:15 – 20:30 Auer 📍 Centre culturel „Machera“ zu Maacher
Mir freeën eis op Är Participatioun, en interessanten Austausch a vill flott Diskussiounen! 💚

Fir dobäi ze sinn, mellt Iech w.e.g. am Viraus bis den 22.11.2026 un. Dir kënnt Iech ganz einfach iwwer de QR-Code um Flyer oder per E-Mail un maxime.hoferlin@grevenmacher.lu umellen.
Mir freeën eis op Iech! 💚

Key facts

Date and time
Thu, Nov 26, 2026, 6:15pm – 9:30pm
Getting there
49 Route de Trèves, L-6735 Grevenmacher, LuxembourgPublic transport directionsPublic transport in Luxembourg is free.