Klimabonus Roadshow |📍Diddeleng, Hall Polyvalent
8 Route de Bettembourg, L-3429 Dudelange
Erneierbar Energien an Heizung, Isolatioun an Elektromobilitéit.
Huelt un enger vun den Informatiounsveranstaltunge vu Klima-Agence deel an entdeckt, firwat elo de richtege Moment ass, Äre Projet ëmzesetzen a wéi Dir vu de neie Klimabonus Subside profitéiere kënnt.
☀️ Solaranlag, 🌱 Wärmepompel, 🏠 Isolatioun oder ⚡ Elektromobilitéit: Et gëtt schonn haut konkret Léisungen, mat deenen Dir Är Resilienz stäerke kënnt an Är Energiekäschte reduzéiere kënnt.
Gitt a Presenz vum Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit Serge Wilmes gewuer:
• Wéi eng Léisunge fir Äert Doheem a Fro kommen;
• Firwat elo de richtege Moment ass, Äre Projet ëmzesetzen;
• Wéi eng Subside de Klimabonus bitt;
• Wéi Dir Äre Projet am beschte virbereet an ëmsetzt.
📢 D’Presentatioun ass op Lëtzebuergesch. Eng Iwwersetzung op Franséisch an Englesch gëtt op der Plaz ugebueden.