Skip to content
Back to events

Kleeschen an Niklosmaart zu Waasserbëlleg

Sat, Nov 28, 2026 at 12pm

About this event

🎅🎄 De Kleeschen kënnt op Waasserbëlleg! 🎄🎅
D’Chrëschtdagszäit steet virun der Dier, an de Kleeschen kënnt op Waasserbëlleg! 🎁 Freet iech op e flotte Moment fir d'ganz Famill mat vill Chrëschtdagsstëmmung.
📅 Samschdeg, den 28. November 2026
🕛 Vun 12:00 bis 18:00 Auer
📍 Nei Mëtt, Waasserbëlleg
Um 12:00 Auer geet den Niklosmaart lass. Um 13:30 Auer kënnt de Kleeschen op der Spatz un, éier hien am Cortège an d’Nei Mëtt kënnt. 🎅
🎶 Dat steet um Programm:
✨ 14:00 Auer – D’Kanner aus dem C1 sangen
✨ 14:45 Auer – D’Kanner aus dem C2 sangen
✨ 15:15 Auer – D’Kanner vun 0 bis 4 Joer gi bei de Kleeschen
✨ 16:00 Auer – Optrëtter vun de Kanner aus der Maison Relais
🎨 Um 14:30 Auer gëtt et och e Bastelatelier vun art à l’école.
🍽️ Fir Iessen, Gedrénks a Verkafsstänn ass gesuergt. De Fëscherveräin Waasserbëlleg bitt och gereecherten Saumon op Virbestellung un.
❤️ Den Erléis ass fir e gudden Zweck: de Plooschterprojet a fir kriibskrank Kanner.
Kommt laanscht, genéisst de Niklosmaart a verbréngt e schéine Moment mat der Famill an der Chrëschtdagsstëmmung! 🎄✨

Key facts

Date and time
Sat, Nov 28, 2026, 12pm
Lineup
D’Kanner aus dem C1, D’Kanner aus dem C2, Kanner aus der Maison Relais
Getting there
Moartplaz, L-6635 Wasserbillig, LuxembourgPublic transport directionsPublic transport in Luxembourg is free.