Skip to content
Back to events

This edition is over

Last edition: . The next one is not announced yet. As soon as the organiser lists it, you will find it on paytix.

Fest vum Kulturierwen

Sun, Oct 18, 2026 at 10am

About this event

Entdecken, probéieren a weiderginn - ënnert deem Motto invitéiert den Naturpark Öewersauer an Zesummenaarbecht mat enger Rei Partner op déi 1. Editioun vum Fest vum Kulturierwen an de Jardin de Wiltz.

Op der Plaz erwaarden iech verschidden Atelieren bei deenen ee ka matmaachen oder nokucken. Dobäi huet een d'Geleeënheet sech auszetauschen an handwierklech a kulturell Traditioune kennenzeléieren.

Moies gi vun 10 bis 12 Auer Kuerzfilmer ronderëm dat immateriellt Kulturierwen am Ciné Prabbeli gewisen. Bei enger Diskussiounsronn huet een am Uschloss d'Méiglechkeet mat de Produzenten an d'Gespréich ze kommen.

Fir Iessen a Gedrénks suerge lokal Veräiner.

Weider Detailer ginn et geschwënn.

D'Fest vum Kulturierwen ass Deel vun de Journées européennes du patrimoine. Den Entrée an déi ugebueden Aktivitéite si gratis.

Key facts

Date and time
Sun, Oct 18, 2026, 10am
Getting there
Wiltz, LuxembourgPublic transport directionsPublic transport in Luxembourg is free.