Skip to content
Back to events

Eng Taass Chrëschtdag

Sat, Dec 12, 2026 at 6pm

About this event

🎄 ENG TAASS CHRËSCHTDAG ☕✨

De Geroch vu Glühwäin, eng waarm Zopp a gutt Gesellschaft: D’Musik Gemeng Bauschelt asbl invitéiert iech op e gemittleche Chrëschtowend! 🥰

📅 Samschdeg, den 12. Dezember 2026
🕕 Ab 18 Auer
📍 Zu Bauschelt beim Musikssall
🎟️ Entrée fräi

🍲 Fir de klengen a groussen Honger gëtt et Ënnenzopp a Gulaschzopp.
🍷 Glühwäin, Glühgin, waarme Schocki a villes méi suerge fir waarm Hänn a gutt Stëmmung.

🎶 Ab 20 Auer spille mir e puer Chrëschtlidder fir iech – déi passend Begleedung fir en Owend voller Gespréicher a Chrëschtstëmmung.

Kommt mat Famill a Frënn bis laanscht, loosst den Alldag hannert iech a genéisst eng gemittlech Zäit mat eis! ✨

ℹ️ D’Taass um Bild ass just Dekoratioun a gëtt net verschenkt.

#EngTaassChrëschtdag #MusikGemengBauschelt #Bauschelt #Chrëschtstëmmung #Glühwäin

Key facts

Date and time
Sat, Dec 12, 2026, 6pm
Lineup
Musik Gemeng Bauschelt asbl
Getting there
Boulaide, LuxembourgPublic transport directionsPublic transport in Luxembourg is free.