Skip to content
Back to events

D'Kallef vum Joer 2026 – Richtung22

Wed, Dec 16, 2026 at 8pm

About this event

👉 theatre.esch.lu/event/achtsam-morden-durch-bewusste-ernahrung-3/

2026: e Joer fir ze vergiessen, e Joer fir ze laachen. Ass dat net déi beschte Grondlag fir e satiresche Joresréckbléck? De Konschtkollektiv Richtung22 zitt e Bilan vun enger Zäit, déi eis alt nees emol uerg zougesat huet. Och zu Lëtzebuerg gëtt opgerüst, ofgelenkt, vill geschwat a wéineg gesot. Wéi eng Personnagen hu sech dobäi besonnesch profiléiert? Ass de Premierminister nach ëmmer de Kapitän vum Schëff oder just nach de Chef vun enger Gare an der Provënz? A wéi steet et ëm eis Arméi, eis Heemecht, eise Mindestloun? Ass déi gutt al Zäit zeréck? Froen, Froen, Froen – fir hire Gala-Owend tëscht Nostalgie a Kritik huet sech Richtung22 zesummegedoe mat der Redaktioun vum Hannerland, engem satiresche Ressort, dee reegelméisseg am Lëtzebuerger Land ze liesen ass. Um Enn vun der Soirée läit et um Public, fir de leschten zwielef Méint per Vote e besonnescht Gesiicht ze ginn.

Summary

Generated with the help of AI.

A satirical year-in-review gala by the art collective Richtung22, created with the Hannerland editorial team. Blending nostalgia and social criticism, it reflects on 2026 and its political and public figures, ending with an audience vote to give the past twelve months a defining face. No ticket prices are stated.