Skip to content
Back to events

This edition is over

Last edition: . The next one is not announced yet. As soon as the organiser lists it, you will find it on paytix.

Dippecher Kiermes

Sat, Oct 3, 2026 at 11am

About this event

🎡D’Kiermes zu Dippech steet virun der Dier! 🎡

🎠 Mir freeën eis elo schonn drop, Iech Samschdes, den 3. Oktober 2026 erëm zu Dippech begréissen ze kënnen! Präparéiert Iech op ee ganzen Dag voller Freed, Spaass, Musek an Danz fir d’ganz Famill.

📅 Samschdes, 3. Oktober 2026
⏰ 11:00 – 23:00 Auer
📍 Ronderëm de Centre culturel zu Dippech

Nieft Karusseller, Intefëschen a Sprangschlass ass natierlech och fir eng flott Ambiance a gutt Ënnerhalung gesuergt.

🎶 Op Iech waarden:
•\tThé Dansant mat Dancing Sound (14h00–18h00)
•\tSingers Unlimited (19h00-22h30)

🍻🍴 Fir Iessen a Gedrénks suergen déi lokal Veräiner.

De Foyer de la Femme servéiert Gedrénks.
D’Pompjeeë vun Dippech maachen de Grill un a LARU maachen frësch Pannescher.

Mir freeën eis drop, Iech zu Dippech begréissen ze däerfen! 😍😍

Key facts

Date and time
Sat, Oct 3, 2026, 11am
Getting there
82 Route de Luxembourg, L-7373 Lorentzweiler, LuxembourgPublic transport directionsPublic transport in Luxembourg is free.