Skip to content
Back to events

Darts WM Public Viewing

Sat, Jan 2, 2027 at 6pm

About this event

🎯 Darts-WM Public Viewing zu Äischen 🎯

De Club des Jeunes Äischen invitéiert iech op d'Public Viewing vun der Darts-WM am Centre Culturel zu Äischen! Kuckt déi spannendst Matcher vum Joer zesumme mat Frënn, bei gudder Musek a beschter Stëmmung.

📅 Samschdeg, 2. Januar 2027: béid Halleffinallen ab 20h00
📅 Sonndeg, 3. Januar 2027: D'Finall ab 21h00
🚪 Entrée: ab 18h00

Tëscht de Ronnen suergt Musek fir déi richteg Ambiance, a fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt. 🍻

🪑 Dësch fir 8 Persounen: 32 €
Fir en Dësch ass eng Reservatioun obligatoresch. Dir kënnt awer och ouni Reservatioun laanscht kommen, just dann ouni Sëtzplaz.

📩 Reservatiounen: reservatioun@cdjeischen.lu
Mir freeën eis op iech! 🎯🔥

Key facts

Date and time
Sat, Jan 2, 2027, 6pm
Getting there
2 Rue de Clairefontaine, L-8460 Eischen, LuxembourgPublic transport directionsPublic transport in Luxembourg is free.